2006 gouf de Karting Club Lëtzebuerg gegrënnt an hat als Zil seng Piloten ze ënnerstëtzen. Dëst Zil bleift och mam neie Comité déi grouss Prioritéit. Vun 2006 bis 2010 huet de KCL de Wintercup op der Karting Piste zu Monnerech organiséiert, en internt Veräins Championnat daat fir Lëtzebuerger Verhältnisser ganz grousse Succès hat.